Fêtes

Publié le 21 juillet 2024

2024-07-20 22:00:00+00:00 10:00 18:00

Porte Ouverte Zuuchtanlag

Cercle_Avicole_portes_ouvertes_Flyer_A5_300dpi_2024_GREEN_Seite_1

Informations générales


21.07.2024

10:00 - 18:00

Cercle Avicole Schuttrange
18, rue de la Forêt L-5370 Schuttrange


Porte ouverte Zuuchtanlag vum Cercle Avicole Schuttrange GREEN EVENTS

De Schëtter Klengdéierenveräin ass houfreg Iech matzedeelen, dass mir grouss Efforten am Beräich vun der Nohaltegkeet fir eis Porte ouverte gemaach hunn.

Am Kader vun de *Green Evdents” wëlle mir an Zukunft all eis Verantstaltunge méi nohalteg maachen, den ekologesche Foussofdrock esou kléng wéi méiglech halen an den allgemenge Ressourcëverbrauch reduzéieren.

Duerch d’Erhale vun dësem Logo gëtt déi nohalteg a klimafrëndlech Organisatioun vun dësem Evenement souwuel ënnerstrach ewéi och unerkannt, woubäi mir besonnesch op déi nofollgend Krittären vill Wäert leeën:

• mir verzichte bewosst op Eeweegeschier an op de Gebrauch vu Plastik
• eist Iessen a Gedrénks ass gréisstendeels lokal/regional, bio a fair gehandelt.
• mir benotzen ekologescht Botzmaterial an Hygiènespabeier
• mir reduzéieren eise Reschtoffall op e Maximum andeems mir alles richteg trennen a recycléieren

Mir soen der Gemeng Schëtter an dem Oekozenter Pafendall villmools Merci, datt si eis bei der Organisatioun an dem Ëmsetzen/Applizéiere vun dëse Krittären ënnerstëtzen.

Weider Informatiounen zum Logo Green Events fannt Dir op www.greenevents.lu

Accès

Bus RGTR Linnen 325, 327 bis Busarrêt Uebersyren, Kreizgaass

Dann Fousswee (ca 13 min.) vun der rue de Beyren no lénks

an d‘ rue de Mensdorf dann no riets an d’rue de la Montagne

Infoen op www.mobiliteit.lu

Vëlosstänner op der Plaz

Autosparking ass ausgeschëldert