Publié le 26 février 2025
Mir siche Verstäerkung fir eis Service-Ekipp
Fir eise Service bei de Manifestatiounen an Evenementer an der Gemeng, wéi zum Beispill Nationalfeierdag, ze verstäerken, siche mir engagéiert a motivéiert Leit, Schüler a Studenten ab 18 Joer (m/w/d).
Dir schwätzt Lëtzebuergesch, sidd flexibel an disponibel besonnesch weekends, owes, oder mol op engem Feierdag?
Dir sidd gär a Kontakt mat anere Leit?
Dir sidd zouverlässeg, pénktlech a bereet am Team ze schaffen a mengt, deen Job wier wéi fir Iech gemaach?
Da mellt Iech bei eis per Mail op relations.publiques@schuttrange.lu a schéckt eis Är Kandidatur. Bei weidere Froe sti mir Iech gär zur Verfügung.